Fir méi gréng Chrëschtdeeg
Genéiss d’Chrëschtstëmmung mat engem liewege Beemchen, ouni datt dofir e Bam muss gefällt ginn. Mir liwweren et bei dech heem, huelen et no de Feierdeeg erëm of a planzen et nees an. D’Liwwerung an d’Ofhuele sinn am Präis abegraff!


Fleegeinstruktiounen
Wéi all Planz brauch och däi Beemchen e bëssen Opmierksamkeet, fir datt e sech weiderhi gutt entwéckele kann.
Fir datt s du iwwer d’Chrëschtdeeg laang Freed un dengem Beemchen hues, biede mir dech, dës Fleegeinstruktiounen ze beuechten.
Allgemeng Hiweiser:
Däi Beemche soll net ze laang an engem gehëtzte Raum stoen. Maximal 14 Deeg – wat méi kuerz, wat besser!
Fir datt däi Beemche gesond bleift, brauch et reegelméisseg Waasser: all Dag op d’mannst 2–3 dl (ee Glas).
Däi Beemche freet sech, wann s du et all 1–2 Deeg mat Waasser besprëtz.
Däi Chrëschtbeemchen opstellen an dekoréieren
Stell däi Beemchen net direkt nieft Heizkierper, Kamäiner oder aner Hëtztquellen. Wann s du eng Buedemheizung hues, stell et am beschten op eng hëlze Plack oder eng erhéicht Ënnerlag, fir datt et net direkt um waarme Buedem steet.
Pass besonnesch gutt op d'Spëtzt vum Beemchen op! Si däerf op kee Fall beschiedegt ginn, well d'Beemchen soss net méi weiderverwäert ka ginn.
No Chrëschtdag:
Huel all d’Dekoratioun virsiichteg erof, ouni d’Äscht ze beschiedegen.
Gewinn däi Beemche lues a lues nees un déi kal Temperaturen dobaussen, andeems du et fir d’éischt an e Raum mat mëlle Temperaturen stells (z. B. an d’Trapenhaus, an de Keller oder an d’Garage, awer net ënner 0 °C).
Gëff dem Beemche weiderhi Waasser.
Nom Ofhuele gewinne mir däi Beemchen bei eis zu Tandel lues a lues nees un d’Wanterkeelt.